Dëss éischt Editioun vun der Newsletter no der Summervakanz gett mir erem d’Geleegenheet nei Aktivitéiten viirzestellen an Themen unzespriechen déi mir besonnesch um Häerz leien. Gläichheet vu Fraen a Männer bedeit, datt een sech den Besoinën an Interêts vun deenen zwee Geschlechter unhëllt a, wa néideg, konkret Moossnahmen an d’Weer leed fir di eng oder di aner Situatioun besser z’encadréieren. Sou get et op der enger Säit Beräicher wou Fraen ongläich behandelt gin, wéi zum Beispill den Ennerscheed an der Pai teschent Fraen a Männer fir di selwescht Aarbecht. Gläich Behandlung vu Fraen a Männer an der Aarbechtswelt ass jo och eng vu ménge Prioritéiten...