Et freet mech Iech haut eng nei Versioun vum MEGA-Spill firstellen ze kënnen.
Schons 2013 huet de Ministère fir Chancegläichheet e Spill entwéckele gelooss daat op dem Modell vum klassesche Memory Spill opgebaut ass.
D’MEGA-Spill huet als Vocatioun op eng spilleresch Manéier ze weisen dass et keng typesch Beruffer fir Fraën a Männer ginn an dass Meedercher a Jongen dat selwecht kënne léieren a schaffen.
Fir d’éischt ass eng Pabeierversioun vum Spill réaliséiert ginn déi sech haaptsächlech matt den Handwierksberuffer befaasst huet.
Tatsächlech hu mir deemols d’Beruffer aus dem Handwierk geholl well dës deene Jonken och an Zukunft eng reell Perspektiv op eng Aarbechstplatz bidden.
Dir fannt Beruffer rem wéi Päerdsschmadd, Entreprenner, Bäcker, Esthéticien etc.
Sou wëllen d’Regele vum Spill, amplaz vum klassesche Memory wou een déi zwou selwecht Kaarten emdréine muss, dass een fir all eenzele Beruff deen am Spill ofgebild ass, eng Koppel bestoënd aus engem Mann an enger Fra, emdréint.
An engem Zäitalter wou d’Kanner ëmmer méi fréi matt den neien Technologie vertraut sinn, sief et mam Handy oder mam Computer, huet de Ministère dëst Joër och eng elektronesch Versioun vum MEGA-Spill geschaf.
Dës nei Versioun besteet ënnert der Form vun enger Applicatioun déi en online um Computer, Tablette oder Smartphone spille kann.
An dëser Applicatioun fannt dir nierft den Handwierker och nach aner Beruffer wéi Informatiker, Ingénieur, Pilot, Polizist, Chirurg etc.
D’Beruffer déi am Spill vertruede sinn, hu mir ganz bewosst erausgesicht well se nach fir daat eent oder anert Geschlecht atypesch sinn.
Matt dësem Spill erhoffe mir eis déi Jonk esou fréi wéi méiglech drop opmierksam ze maachen dass d’Beruffer kee Geschlecht hunn, an dass souwuel Meedercher wéi Jongen e nach fir si soi-disant atypesche Beruff léiere an ausübe kënnen.
D’Spill huet sech urspünglech un d’Kanner aus dem 2. an 3. Cycle aus der Grondschoul geriicht.
Daat sinn Kanner am Alter vu 6 bis 7 Joër, vun deenen een erwarde kann dass si d’Regele vun engem Memory Spill berherrschen an sech och dofir interesséiere kënnen.
Duerch d’Aë léiere si dass all Beruff sech fir Fraën a Männer eegent.
Fir eis elektronesch Versioun, huet d’Zielgrupp sech erweidert.
Tatsächlech wärte mir souwuel Grondschoulen wéi och Crèchen a Maisons Relais uschreiwen.
Do sinn baal all Alterskategorien dra vertrueden.
Natierlech befaasst e Kand vun 3 Méint sech net mam MEGA-Spill, dofir awer e Kand vun 3 Joër an och nach déi méi grouss Kanner vun 12 Joër.
Waat des Applicatioun nämlech em sou méi interessant mëcht fir déi Grouss, sinn déi verschidden Schwieregkeetsniveauën, an et kann een d’Spill alleng oder awer am Duell spille.
Dir wärt elo gläich och selwer gesinn wéi flott et ass als Erwuessenen domatt ze spillen.
A menger Qualitéit als Ministesch fir Chancegläichheet ass et mir en Ulaies eis Gesellschaft sou fréi wéi méiglech matt der Thematik vun der Gläichstellung tëscht de Geschlechter ze konfrontéieren.
Dofir wëll ech op éischter Plaz d’Kanner dovun iwwerzeegt kréien sech op kee Fall vu méigleche Rollebiller irleeden ze loossen.
Si solle fréi genuch begräife dass si all Beruff ausübe dierfen fir deen si sech interesséieren, onofhängesch vun hirem Geschlecht.
Kanner an Erwuessener, sollen déi selwecht Chancen an alle Liewenssituatiounen hunn.
De Ministère fir Chancegläichheet huet eng Panoplie vu Mesuren matt deenen hien versicht eng gerecht Opdeelung vun den Aufgaben tëscht Männer a Fraën an alle Beräicher vum Liewen ze schafen.
Sou gëtt et de Programm vun den actions positives, am öffentleche Secteur wéi och am private Secteur vun eiser Économie.
Ma virdrun hu mir awer och nach aner interessant Mesuren am Kader vun der orientation professionnelle mam Girls’Day Boys’Day, dee sech u Jugendlecher riicht.
Natierlech brauch e munnechmol méi Iwwerzeegungskraaft en Erwuessenen fir eng Iddi ze gewannen an en dozou ze bréngen seng Meenung ze änneren.
Bei de Kanner ass daat anescht.
Si hunn u sech nach keng färdeg Meenung iwwert d’Rolleverdeelung vu Männer a Fraën.
Et kann méi einfach sinn hire Geescht iwwert Spiller a Bicher positiv ze formatéieren.
Dofir ass et immens wichteg dass d’Regierung ganz fréi un d’Kanner eruntried, ma och d’Elteren an d’Léierpersonal si gefuedert un der Thematik mattzeschaffen.
Ouni si bleift eis Thema vun der Gläichstellung tëscht Männer a Fraën um Stand vun der Théorie.
Ech géing dann elo der Agence Ierace-Dechmann d’Wuert iwwerloossen.
An ech wënschen Iech elo schon vill Spaass mam MEGA-Spill um site www.mega-spill.lu

