Allocution de Madame la ministre lors de la conférence « La violence domestique au Luxembourg »

Här Buergermeeschter,

Honorabel Députéiert,

Här Direkter,

Léiw Vertrieder vun den Associatiounen an de Servicer,

Dir Dammen an dir Hären,

Mir sinn haut de Moien hei zu Diddeleng zesummen komm fir den Optakt zum Internationalen Daag vun der Fra ze ginn. Den Daag vum 8. März ass e wichtegen Daag well en eis openeits erlaabt en Sujet an de Fokus ze réckelen, deen eng grouss fraenpolitesch Relevanz huet: d’Violence domestique.

Häuslech Gewalt ass en Phénomène deen matzen an eiser Gesellschaft stattfend, an awer oft net visibel ass. Och an engem Land wéi Lëtzebuerg, daat nach emmer eent vun denen räichsten Länner vun der Welt ass, ass häuslech Gewalt eng Réalitéit. Häuslech Gewalt geschitt an der Regel hannert zouenen Dieren. Si betrëfft all Nationalitéiten, all sozial Schichten an all Berufsgruppen. Jo, si betrefft an der ganz grousser Majoritéit Fraen, mä et gehéiert zur intellektueller Eierlechkeet wann mer eis och agestoen, daat och Männer Affer a Fraen Auteur vun häuslecher Gewalt kënnen sinn.

Altesse Royale, ech sinn immens frou daat dir op Diddeleng komm sidd, fir un deser Konferenz deelzehuelen. Op ärt sozialt an humanitärt Engagement brauch ech op dëser Plaz net méi anzegoen. Ech wëll awer betounen daat Iech de Sujet vun der Gewalt géint Fraen besonnesch um Härz läit. Dir huelt och net fir d’éischt un enger Konferenz zum Thema Gewalt géint Fraen deel. Schon am November 2013 hudd dir d‘Mme Zainab Bangoura, Représentante Spéciale vum UNO-Generalsekretär fir Froen vun sexueller Gewalt an de Krichsgebidder, bei Iech emfaangen, an owes gemeinsam un enger Konferenz vum Chancengläichheetsministère zum dësem Thema deelgeholl. Et erfëllt eis duervir matt grousser Freed, daat der op desem Daag ärt Engagement an äre Interêt duerch är Präsenz bei eis bekräftegt. Et ass fir mech e weideren Ausdrock fir de Respekt an d’Unerkennung déi däer all denen matt op de Wee gitt déi um Terrain aktiv sinn an sech fir d’Affer vu Gewalt asetzen.

Matt der heiteger Konferenz wëll ech als Ministerin vun der Chancegläichheet matthëllefen fir de Sujet vun der häuslecher Gewalt weider ze enttabuiséiren. Mir wëllen haut en e puer kloer Zeechen setzen – no bannen an no baussen. E grousse Merci der Mme Hetto, déi 2012 d’Iddi vum Comité Violence opgegraff haat fir des Etude an Optraag ze ginn.

Den Haaptgéigenstand vun haut ass d’Présentatioun an d’Diskussioun vun deser Etude iwwert d’Ursaachen vun häuslecher Gewalt zu Lëtzebuerg. Et ass mäer wichteg, daat mer eis matt den konkreten Ursaachen vun der häuslecher Gewalt an eisem Land méi déif auserneen setzen. Mir brauchen wëssenschaftlech Outilen an eng wëssenschaftlech Begleedung vun der häuslecher Gewalt zu Lëtzebuerg, och fir d‘Preventioun besser ze konzipéieren.

Mir wëllen matt dëser Etude – déi en Novum fir eist Land duerstellt – och en Zeechen no baussen ginn, an e Beispill ginn fir aner Länner. An der Vergaangenheet war Lëtzebuerg emmer erem vun internationalen Organisatiounen viséiert ginn fir bessert Zuelenmaterial auszeschaffen, an fir bei der Bekämpfung vun häuslecher Gewalt eng méi wëssenschaftlech Approche un den Daag ze léen. Duervir sinn mer och frou, daat mer haut zesummen matt nationalen an internationalen Experten an Expertinnen des Etude diskutéiren kënnen – konstruktiv a gären och kritesch.

Dir Dammen an dir Hären, Erlaabt mer daat ech ganz kuerz op den Historique vun deser wichteger Etude aginn. De Comité de coopération entre les professionnels dans le domaine de la lutte contre la violence – méi kuerz de „Comité Violence“ - leet säit Akrafttrieden vum Gesetz iwwert d’Violence domestique 2003 all Joërs e Rapport vir matt den Statistiken iwwert d’Entwécklungen vun der häuslecher Gewalt zu Lëtzebuerg. Dese Rapport ass e gudd Referenzwierk wann een sech matt den réngen Zuelen wëll auserneensetzen.

De Comité wollt awer méi wäit goen an duervir ass 2012 d’Iddi entstanen fir eng wëssenschaftlech Analyse iwwert d‘Ursaachen vun der häuslecher Gewalt zu Lëtzebuerg maachen ze loossen. Aus den Zuelen eraus haten sech eng ganz Partie konkret Froestellungen erginn, déi sech op de spezifësch lëtzebuergeschen Kontext bezéien. Wien sinn d‘Affer, wien sinn d‘Täter? Waat ass hieren sozialen an kulturellen Hannergrond? Wéi eng Arbecht hun se an wéi ass hieren Bildungshannergrond?

Mir liewen haut zu Lëtzebuerg an enger multikultureller Gesellschaft matt ganz villen Nationalitéiten. Bei eis ginn verschidden Sproochen am Alldaag geschwaat an daat sozialt a kulturellt Zesummenliewen ass duerch des multikulturell Gesellschaft geprägt. Verschidden Nationalitéiten, verschidden Kulturen, verschidden Religiounen, verschidden Iwwerzeegungen, z.B. och iwwert d’Roll vun der Fra an der Gesellschaft oder iwwert d’Rapporten zweschent de Geschlechter, sinn nemmen e puer Facteuren, wou mer eis mussen d’Fro stellen ob se en direkten Impakt op Gewaltverhalen am allgemengen, an op häuslech Gewalt am speziellen hun. Des, an nach eng ganz Partie aner Froen, hun sech am Kontext vun der Etude gestallt, an wou den LIH – den Luxembourg Health Institute, daat heescht de fréieren CRP Santé, versicht huet Äntwerten ze ginn. Erlaabt mer duervir dem Direkter vum LIH, dem Jean-Claude Schmit, en éischte grousse Merci auszeschwätzen, daat si d’Erausfuerderung ugeholl hun fir des Etude ze réaliséiren. E ganz speziellen Merci geet un d’Madame Laurence Fond-Harmant, Dokter an der Sociologie, fir d’Betreiung vun desem wichtegen Projet. Fir des Etude haat d’Madame Laurence Fond-Harmant eng Equipe matt wëssenschaftlechen Mattarbechter, déi och haut hieren Deel dozou bäidroen fir déi eenzel Elementer aus Etude ze présentéiren an ze diskutéiren. Et sinn daat d’Madame Honorine Santerre an d’Madame Sandra Santina-Deutschle. Permettez-moi de vous exprimer mes remerciements pour votre présence aujourd’hui ainsi que pour votre travail remarquable effectué dans le cadre de la réalisation de cette étude importante. Erlaabt mer awer och eis aner Intervenanten aus dem In- an Ausland an eiser Mëtt ze begréissen.

I’d like to express a warm welcome to the representatives of the European Institute for Gender Equality (EIGE) in Lithuania. Jurgita Pečiūrienė is a gender expert on gender-based violence. Since 2010, she has been working at the European Institute for Gender Equality, where she works in the area of gender-based violence. Since 1995 she is active in promoting gender equality in Lithuania as an activist and researcher, after obtaining a Master’s degree in Sociology. She has an in-depth knowledge on violence against women, trafficking in human beings and gender mainstreaming. She was the cofounder of the Women‘s Issues Information Centre in Lithuania, a board member of the European Women’s Lobby from 2004 to 2010, and a member of the Governmental Commission on Equal Opportunities for Women and Men from to 2007 until 2010.

Ligia Nobrega has worked as a Gender Expert at the European Institute for Gender Equality (EIGE) since 2010 where she is developing a database on gender statistics. Previously, she was a civil servant at the Portuguese National Machinery for Gender Equality, where she was responsible for the management of several national and international projects on gender equality and women’s empowerment. She was also a member of the team responsible for setting up the first National Information System for Victims of Gender-based violence in Portugal (1998-2005). Before joining EIGE, she worked with Eurostat in the incorporation of a gender perspective into the EU statistical international cooperation programmes (2005-2010). Ligia holds a Master in Sociology and a Master in Partnership Project Management.

Ich begrüβe sehr herzlich die Diplom- und Kriminalpsychologin Frau Justine Glaz-Ocik vom Institut Psychologie und Bedrohungsmanagement aus Darmstadt. Frau Glaz-Ocik war schon des Öfteren in Luxemburg und ist bei einigen Frauenorganisationen in unserem Land hinlänglich bekannt. Sie war stellvertretende Leiterin einer Täterarbeitseinrichtung und ist zertifizierte Deeskalationstrainerin in Fällen häuslicher Gewalt. Sie forscht im Bereich Tötungsdelikte an Kindern, Stalking und schwerer Gewaltdelikte und ist an der Entwicklung einer Software zur Risikoeinschätzung bei Partnergewalt und Stalking beteiligt. Mit diesem beeindruckenden Lebenslauf bin ich sicher, dass Sie heute aktiv dazu beitragen können die luxemburgische Studie auch im Vergleich mit dem deutschsprachigen Raum zu bewerten und einordnen zu können.

Ich begrüsse sehr herzlich Herrn Joachim Lempert aus Wien. Joachim Lempert ist Diplompsychologe, Psychotherapeut, Kindertherapeut und Gestalttherapeut in einer Lebensberatungsstelle und Erziehungsberatungsstelle. Zudem ist er Fortbildner in verschiedenen Wirtschaftsunternehmen. Joachim Lempert hat während 10 Jahren eine Kontakt- und Beratungsstelle „Männer gegen Männer-Gewalt“ aufgebaut und auch geleitet. Seit 1994 führt er Weiter- und Fortbildungen zu den Themenbereichen Gewalt, Konfliktlösung, Konfliktmanagement und Tätertherapie durch. Last but not least ist er Leiter eines Hotline-Projekts der EU zur Entwicklung und zum Betrieb einer Täterhotline, die anschließend im Rahmen der EuLine den Dauerbetrieb aufgenommen hat, und ist heute Geschäftsführender Gesellschafter der eupax, d.h. des Fachverbandes Gewaltberatung und Tätertherapie.

Ech begréissen dann natirlech och gären eis national Experten, déi eis bei der Etude, wéi och bei der Konferenz zur Säit stinn an villen vun iech hei am Sall schon bekannt sinn. D’Joëlle Schranck ass Directrice vun Femmes en détresse, eng asbl déi den Service d’assistance aux victimes de la violence domestique – kuerz SAVVD - géréiert. De SAVVD ass och vertrueden am Comité Violence. An deem Kontext begréissen ech och d’Monique Blitgen, déi am SAVVD schafft. Ech begréissen de Georges Haan vum Service Riicht eraus. De Georges Haan waar bis den 31. Dezember 2014 Chargé de Direction vum Riicht eraus, de Service d’aide aux auteurs de violence domestique vum Roude Kräiz. Hien huet dëse Service opgebaut. Säit dem 1. Januar 2015 huet hien sech berufflech nei orientéiert an ass elo Délégué à la bientraitance vun 4 groussen Gestionnairen am sozialen Beräich. Duervir sinn ech emsou méi frou daat hien haut an senger Funktioun als ancien Chargé de direction vum Riicht eraus bei eis ass. Nei Chargée de direction vum Riicht eraus ass d’Laurence Bouquet, daat ech och wëll ganz härzlech op eiser Konferenz begréissen. D’Police Grand-Ducale ass vertrueden duerch d’Kristin Schmit, Commissaire divisionnaire an Directeur régional adjoint. Last but not least hun mer verschidden Vertrieder vun denen zwee Parqueten vun Lëtzebuerg a vun Dikkrech bei eis, an ech begréissen duervir stellvertriedend den Här Aloyse Weirich, Procureur d’Etat vun Dikkrech deen henno och un der Table-Ronde wärt deelhuelen. Iech all härzlech Wëllkomm an e groussen Merci daat der bei eis sidd.

Ech wëll awer och all denen Gestionnairen matt denen de MEGA conventionnéiert ass e groussen Merci fir hier Ennerstëtzung ausschwetzen a fir déi formidabel Arbecht déi si um Terrain leeschten. Daat gëllt och fir all déi aner Associatiounen, déi zum Deel matt aneren Ministèren Conventiounen hun, an déi och e groussen Intérêt un deser Etude gewisen hun, well och si kommen an hierer alldeeglecher Arbecht matt Persounen a Kontakt kommen, déi häuslech Gewalt erliewen. Der Police Grand-Ducale e groussen Merci. Si huet mattgehollef d’Questionnairen op de Commissariater auszeléen oder esouguer um Moment vun der polizeilecher Interventioun sur place selwer ze verdelen an op d’Etude opmierksam ze maachen. Daat selwecht gëllt och fir d’Matthëllef vum Parquet. Et ass kloer daat mer ouni Iech all, eis Etude net hätten kéinten maachen. Des Etude ass och ären Mérite, an duervir nach eng Kéier e speziellen Merci vun menger Säit.

Merciën soen ech och de Responsablen vun der Stad Diddeleng – mat un der Spëtz dem Buergermeeschter Dan Biancalana - fir daat mer dese groussartegen Sall kënnen benotzen. Der Directrice, dem Danielle Igniti an hieren Mattarbechter och e ganzen groussen Merci fir déi technesch, logistesch an organisatoresch Ennerstëtzung. E Merci geet och un d’Fondation ProFamilia, déi eis erlaabt hun de „Walking Lunch“ an der Mëttegstonn bei hinnen an hierem groussen Sall ze organiséiren.

E läschten groussen – vläicht dee gréissten Merci - geet un all déi, déi gehollef hun des Etude matt Inhalt ze fëllen, andeems se de Questionnaire ausgefëllt an op déi vill Froen geäntwert hun. Daat wor keen einfachen Exercice, well des Persounen bereet waren gedanklech nach eng Kéier ze erliewen. Duerch d’Beäntwerten vun all denen Froen hun si sech iwwert hieren doulouréisen Liewenswee ausgedréckt. Och wann daat aus aus datenschutzrechtlechen Grënn anonym geschitt ass, well ech hinnen awer soen, daat hier Stëmm gehéiert ginn ass an daat mer op denen Erkenntnisser, déi mer opgrond vun denen villen Äntwerten an Aussoen, kruten, opbauen wëllen fir d’häuslech Gewalt ze reduzéiren. Ären Témoignage ass mäin Optraag fir mech am Beräich vun der Bekämpfung vun häuslecher Gewalt weider ze engagéiren.

Dir Dammen an dir Hären,

Ech wëll nach eng Kéier kloer ennersträichen, daat mer matt der Konferenz vun haut an matt der Etude vum LIH um Ufank stinn vun engem oppenen Prozess. Mir wëllen déi Erkenntnisser aus der Etude a Rouh analyséiren an diskutéieren an zesummen matt denen implizéierten Acteuren déi richteg Schlëss zéien fir de Phénomène vun der häuslecher Gewalt besser kënnen ze géréiren. Ech erwarden mer duervir och en konstruktiven an fairen Dialog an eng gudd Zesummenarbecht déi sech op kloer an novollzéibar Argumenter stäipen. Ech iwwerloossen elo de Plateau den Expertinnen an Experten an wënschen eis all eng gudd an erkenntnisräich Konferenz.

Ech soen Iech Merci fir är Opmierksamkeet.

Lydia Mutsch

Ministre de l’Egalité des chances

  • Mis à jour le 09-03-2015