Intervention de la ministre de l'Egalité des chances lors de la conférence de lancement du Girls'Day-Boys'Day

Discours en luxembourgeois

Allocution de Madame Lydia Mutsch, ministre de l’Egalité des chances

Maison de l’Orientation professionnelle,

Lundi, 24 février 2014 à 11 heures

Le discours prononcé fait foi

Dir Dammen an dir Hären,

Ech si frou iech haut zesumme matt ménge Kollegen Nicolas Schmit a Claude Meisch kënne bei dëser 4. Oplo vum Girls’Day-Boys’Day begréissen ze kënnen.Als Ministesch fir Chancegläichheet ass et mir besonneg dru geleeën, dass dëst Event nach lang bestoë bleift.

Et ass eng grouss Chance fir jiddfereen, a domatt mengen ech souwuel d‘Patroën vun de Betriiber, ewéi och d’Schüler aus de verschiddene Lycéen, fir kënne mattzemaachen un dësem Projet.

Et kann ee net fréi genuch domatt ufänken déi Jonk dozou ze bewegen sech fir de richtege Beruff ze entscheeden.

Wichteg ass awer och, dass Jongen a Meedercher sech endlech vun den eiwegbestoënde Rollebiller déi eis Gesellschaft hinnen opgedroën huet, lassrappen.

Sou denken ech dass si sech solle fräi entscheede kënnen wéiee Beruff besser bei si passt, daat, onofhängeg vun hirem Geschlecht.

Wisou sollt e Jong net kënne Coiffeur ginn oder Esthéticien, a wisou sollt engem Meedchen de Beruff vum Schräiner oder Mécanicien verweigert ginn? Et gëtt keng verstänneg Ursaach fir déi Meedercher a Jongen net, ee fir si nach atypische Beruff sollten ausüben.

Et gëtt kee moossgeschneiderte Beruff am Sënn vum Geschlecht, dofir sinn ech frou dass et sou en Daag gëtt wéi de Girls’Day Boys‘Day, deen et eis erlaabt ze erkennen wéi onlogesch mir dach iwwert Joërhonnerten iwwerluecht hunn, waat déi geschlechtspezifesch Rolleverdeelung betrëfft.

De Mentalitéitswiessel par rapport zur Gläichstellung vu Männer a Fraën ass lues a lues am Kommen. Et huet sech scho Villes gedoën an deem Beräich. Sou gesinn ech daat unhand vun de villen Aktiounen déi mäi Ministère all Joër an de Betriiber duerchféiert.

D’Patroën maachen sech z.Bsp. ëmmer méi op fir eng geschlechtsneutral Denkweis a kucke net méi speziell drop op eng Fra Hallefdeeg schafft fir hir méi Verantwortung am Betriib ze ginn. Sou gëtt och als „normal“ ugesinn, wann e Mann eemol säi congé parental oder eng Hallefdeegtâche ufreet.

Ma fir dass mir eng total Gläichstellung tëscht Männer a Fraën erreechen ass et wichteg, dass mir d’Leit sou fréi wéi méiglech ufänke ze sensibiliséieren. Sou fréi wéi méiglech heescht fir mech dass mir eis un déi Jonk riichten, déi eigentlech nach keng färdeg Meenung iwwert d’Rolleverdeelung vu Männer a Fraën dierften hunn.

Daat erlaabt eis also si méi einfach mam Thema vun den atypesche Beruffer vertraut ze maachen.

Ech denken dofir zum Beispill elo graad och un ee Projet vum Chancegläichheetsministère dee scho lescht Joër ugekënnegt gouf, an deen mir de nächste 7. März am Kader vum internationale Fraëndaag wärte firstellen. Et geht em ee Memoryspill daat mir Megaspill genannt hunn, an deem 16 Beruffer drafirkommen, a wou mir fir all Beruff souwuel eng Fra wéi och e Mann dran ofgebild hunn.

Mir erhoffen eis matt dëser spillerescher Method op éischter Plaatz d’Kanner ze sensibiliséieren, ma awer natierlech och d’Léierpersonal op dës Thematik opmierksam ze maachen.

D’Elteren sollen natierlech och matt agbonne ginn, dofir soll all Kand esou e Spill kréien fir et och kënnen Doheem ze benotzen. Et ass kloër, dass d’Elteren eng fundamental Roll spillen an der Erzéiung vun hire Kanner. Graad dofir ass et emsou méi wichteg, dass d’Elteren esou Projet’en solle mattdroën, fir dass mir di Iddi di dohannert stëscht an der Zukunft net méi als eppes aussergewéinleches mussen ugesinn, ma als eppes natierleches…...eppes waat zu enger moderner Liewensastellung gehéiert.

Wa dann dëse Projet Erfolleg huet, a mir et färdeg bréngen och nach eventuell den Girls’Day Boys‘Day op d’Grondschoul ze erweideren, dann hunn mir et gepackt e Grondsteen fir d’berufflech Zukunft vun eise Kanner ze léen.

Wa mir eis op déi lescht Joëren bezéien, gesi mir, dass de Girls’Day Boys‘Day e grousse Succès war, an definitiv e Besoin vun de Jonken an de Betriiber besteet fir sech remzefannen an sech iwwert d’Beruffsliewen auszetauschen.

Mëttlerweil ass et eng Selbstverständlechkeet ginn fir d’Betriiber déi Jonk bei sech opzehuelen fir een Daag an hinnen déi fir si atypesch Beruffer firzestellen, an fir d’Jongen a d‘Meedercher ass et genau sou eng Freed ginn fir déi Beruffer méi no ze entdecken. 

Wichteg ass et awer och dass d’Thematik vun enger geschlechtsneutraler Orientéierung a Beruffswahl net nëmmen um Girls’Day Boys’Day behandelt gëtt ma sech iwwert d’ganzt Joër an den Alldag vun de betraffenen Acteuren aflecht.

Sou hätten d’Meedercher an d‘Jongen déi néideg Zäit fir sech mam Gedanken ausenaner ze setzen de Wee an en atypesche Beruff anzeschloën.

Éier ech d’Wuert elo u meng Kollege weiderginn, wéilt ech nach soën dass mir einfach net vergiesse dierfen dass e gesonde Mix vun Fraën an Männer an allen Liewenslagen immens wichteg ass. Et wirkt sech positiv op d’Produktivitéit aus ma virun allem mëscht et d’Zesummenaarbecht an d’Zesummeliewen matt Momenter méi einfach.

Zesummen gesinn d’Fraën a Männer d’Saache manner bornéiert, well hir Denkweisen sech ergänzen.

Merci fir d’Nolauschteren.

  • Mis à jour le 18-04-2014