Discours de Mme Lydia Mutsch, ministre de la Santé et de l’Egalité des chances
26 février 2014 à 19.00 heures
Le discours prononcé fait foi
Madame Präsidentin vum Nationalen Fraenrot, Här Präsident vun der Société Luxembourgeoise de Neurologie Dir Dammen an dir Hären,
Ech sinn haut den Owend besonnesch frou kënnen bei Iech ze sinn. Haut den Owend schwätzen mer iwwert d’Gesondheet an mir schwetzen iwwert Fraen a Männer.
A wéi den Zoufall et esou wëll ass dëst mäin éischten Optrëtt wou ech déi zwee Ressorten vun der Gesondheet an vun den Chancengläichheet zwëschent Fraen a Männer kann zesummenbréngen an duerléen.
Et ass den ausdrécklëchen Wëllen vun der neier Regierung eng vernetzten Politik unzestriewen an vun enger eensäiteger Approche aus dem Bléckwénkel vun engem eenzelne Ministère ewechzekommen a verstärkt op de Wee vun enger interministerieller Zesummenarbecht ze goen.
D’Themen wéi Gesondheet an Chancengläichheet sinn zwee Ressorten, déi sech ganz gudd matteneen verbannen loossen, daat och an virun allem aus der Noutwendegkeet eraus fir eng besser an méi cibléiert Gesondheetspolitik fir Fraen a Männer emzesetzen.
Duerfir verstinn ech och mäin Mandat als en groussen Challenge an och als grouss Opportunitéit. An wann mer eppes wëllen erreechen, da mussen mer bei der Prise de conscience ufänken bei den grondsätzlechen Definitiounen iwwert daat waat Gesondheet a Krankheet ausmëcht.
D’Weltgesondheetsorganisatioun definéiert Gesondheet a Krankheet net als stateschen Zoustand, mä als en dynameschen Prozess am Spannungsfeld vun villen verschidden Facteuren wéi z.B. déi génétesch a biologesch Beschafenheet vun all Eenzelnen, mä och aner Conditiounen wéi beispillsweis daat sozialt Emfeld, de Liewensstil oder och nach kulturellbedéngt Verhalensweisen.
Och soziokulturell Facteuren wéi d’Educatioun, d’Akommes, déi sozial Intégratioun, Familljen- an Arbechtssituatioun spillen eng wichteg Roll beim individuellen Gesondheetszoustand. Dobäi ennerscheeden sech Männer a Fraen, well se ennerschiddlech Gesondheets- a Krankheetsprofiler entwéckelen.
Fraen a Männer weisen ennerschiddlech Risikofacteuren op beim Entstoen vu Krankheeten, beim Krankheetsverlaaf a bei Behandlungsrisiken an huelen och Präventiounsofferen och ennerschiddlech op.
Ech well awer hei ennersträichen daat d’Genderthematik an hier Abannung an d’Gesondheetspolitik och hei zu Lëtzebuerg net ganz nei ass. Virun allem an denen läschten Joeren huet sech vill gedoen an ech sinn iwwerzeecht daat mer och an de nächste Joëren mer gudd wärten weiderkommen.
Engersäits duerch déi gelongen Initiativen an Manifestatiounen vum CNFL an vum INFOMANN fir d’Thema vun der Gendermedizin méi staark an de Fokus vun der lëtzebuerger Gesellschaft an vun de Medien ze réckelen, an fir déi ech all Bedeelegt wëll ausdrécklech félicitéiren.
An anerersäits duerch Initiativen an Kooperatiounen zwëschent denen zwee Ministèren, déi elo schon bestinn a nach weider ausgebaut ginn. Daat sinn villverspriechend Usätz an erlaabt mer daat ech op dräi vun desen Zesummenarbechten méi détailléiert anzegoen :
1. Am Cader vum Nationalen Aktiounsplang fir déi sexuell an affektiv Gesondheet am Enseignement ass et zu enger Kooperatioun zweschent verschidden Ministèren komm, dorënner och de Gesondheet- an de Chancengläichheetsministère. Et ass mer e besonnescht Uleies datt d’Sexualerzéiung eng emmer méi wichteg Roll spillt.
Si huet en wichtegen Afloss op d’Zesummenliewen vun Jongen an Meedercher, vu Männer a Fraen an eiser Gesellschaft. Si beaflosst daat stereotypéiert Rolleverständnis, Rolleverhalen an Rolleverhältnis vun denen zwee Geschlechter. Et muss eis drems goen fir aus eise Kanner a Jugendlechen selbstsëcher an autonom Leit ze maachen, déi responsabel Iwwerléungen a Choixen treffen an och esou handelen.
D‘Froen iwwer Sexualitéit an Kierperlechkeet, an och d’Wëssen iwwert de Fonctionnement an d’Gesondheet vum Kierper stellen sech fir Meedercher an Jongen anescht. D’Besoin’en sinn einfach ennerschiddlech an deemno mussen Jongen a Meedercher am Cader vun hierer Educatioun kloer Messagen matt op de Wee kréien.
Et geet dobäi och drems fir Jongen a Meedercher op hier jeweileg (Co)-Responsabilitéiten hinzeweisen fir aus hinnen responsabel Jugendlecher ze maachen. Bei allen Beméiungen fir gläich Chancen fir Meedercher a Jongen ze schâfen, geet et awer och drems Differenzen ze thématiséieren, se verständlech ze maachen an hinnen och an der Nationaler Strategie vun der „Education sexuelle et affective“ Rechnung ze droen.
2. De Chancengläichheetsministère ass säit 2011 am Comité de surveillance du SIDA vertrueden. HIV-Infizéiert an AIDS-krank Leit sinn enger enormer Stigmatisatioun an Diskriminatiounen duerch eis Gesellschaft ausgesaat, Facteuren déi sech op betraffen Fraen a Männer aneschtes auswiirken.
Fir de Chancengläichheetsministère stellen sech an deem Kontext eng Partie Froen en rapport matt de Spécificitéiten an de Besoinen vun Fraen an Männer, déi vun HIV oder AIDS betraff sinn, ugefaangen bei den Infektiounswéer, de méi cibléierten Sensibilisatiouns- a Préventiounscampagnen bis hin zu der medizinescher an psychosozialer Prise en charge.
3. Am Cader vum Nationalen Aktiounsplang iwwert de Suicide ass et wichteg op d’Genderproblematik anzegoen, well mer do wirklech en grousst Ongläichgewiicht zu Ongonschten vun de Männer hun waat d’Stierwlechkeet, virun allem am héichen Alter, unbelaangt. Anerersäits leien Meedercher a Fraen bei den Tentatives de suicide wäit virun de Männer.
Et ass duervir immens wichteg op des Zuelen am Detail anzegoen an hinnen bei der Ausschaffung an der Emsetzung vum Nationalen Aktiounsplang och Rechnung ze droen. De MEGA ass am Arbechtsgrupp vertrueden an wärt sech besonnesch am Hinbléck op des besuergniserreegend Zuelen anbréngen.
D’Verbannen vun den Dimensiounen Gesondheet an Chancengläichheet léisst sech awer och ganz gudd um Thema vun haut den Owend verdäitlechen. Fir d‘Thema vum sougenannten „Hierschlaag“ ze beschwätzen an fir d’Spezifizitéiten bei de Fraen an de Männer um Niveau vun den Risikofacteuren, dem Diagnostic, de Begleederscheinungen, dem medizineschen Traitement an der Präventioun erauszeschielen, hun mer jo haut den Owend héichkaräteg Invitéen bei eis, an duervir wëll ech hieren Explikatiounen och net virgräifen.
Wann een sech déi generell Zuelen am Detail unkuckt stellen ech fest daat d’Maladies cardio-vasculaires haut weltwäit déi heefegsten Doudesursaach sinn. Schätzungsweis stierwen all Joers 17,3 Milliounen un de Folgen vun deser Krankheet, wouvunner et der 6,2 Milliounen alleng duerch en Hiereschlaag sinn. Virum Hannergrond vun desen Zuelen ass et wichteg iwwert des Krankheet an sengen verschiddenen Formen fundéiert ze schwätzen.
Dem Nationalen Fraenrot an senger Präsidentin Danielle Becker-Bauer soen ech elo schon e grousse Merci fir dës wichteg a bestëmmt gelongen Konferenz. Ech muss Iech leider soen, daat ech net bleiwen kann well ech dono nach aner Verpflichtungen hun. Ech wärt mech awer duerch meng Mattarbechter am Ministère iwwert d’Diskussiounen briefen loossen. Iech all en erkenntnisräichen Owend.
Ech soen Iech merci fir är Opmierksamkeet.

